Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC Mamer '32  0:6 (0:2)

0:1 40', 0:2 45'

0:3 48', 0:4 59'. 0:5 61', 0:6 69'

 

Wieder : sonneg, +- 10°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 70

 

 

 

Arbitter : ...

Eng insgesammt blamabel Virstellung huet Tricolore doheem géint Mamer ofgeliwwert.

De Mätch ass lues ugaangen an béid Equipen hunn sech zunächst ofgetaascht. Déi 1.gutt Goalszene hat Tricolore, mee de Kapitän Ferdy Ciufoli huet fräi aus 16m de Ball laangscht de Goal gesat. Mamer war beméit, mee Tricolore hat de Géigner gutt am Grëff. No enger Halferstonn hat Tricolore eng gutt Geleegenheet fir a Féierung ze goen, mee den Elio Cardoso ass fräi virum Goal um Mamer Goalkeeper henke bliwwen. An der 40' ass et dunn ugaangen mat der blamabler Virstellung vun der Lokalequip : den Michele Corallo huet engem Mamer Spiller de Ball opgeluescht an deen hat aus 5m keng Problemer de Ball eranzesetzen. Kuerz drop ass e Mamer Spiller no enger schéiner 1-2 fräi virum Steve Krier opgetaucht, mee säi Schoss aus 5m huet de Steve Krier paréiert. An der 45' ass dunn awer den 0:2 gefall, no engem Ball op d'Lat huet Mamer méi schnell geschalt an e Spiller ganz fräi huet aus 5m de Ball  an d'Masche gesat. 

Déi 2.Halschent war vun Tricolore guer näischt méi komm. Mamer konnt kombinéiren an Tricolore ass hannendrugelaf. An Zäit vun 21 Minuten !!! huet Mamer nach weider 4 Goaler geschoss, d'Géigewier op Tricolore Säit war quasi null. Nom 0:6 huet Mamer nach weider no vir gespillt, Tricolore huet de Mätch zwar besser konnte gestalten, mee mat Gléck a Geschéck konnt Tricolore weider Goaler verhënneren. De Schlusspfiff vum Arbitter konnt Tricolore als Erléisung fannen.

Keng Diskussioun. Ab der 40 Minutt war dat do eng indiskutabel a peinlech Leeschtung.