Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,11.03.2007 15.00h : Aspelt - Tricolore 0:2 (0:2)
Wieder : sonnëg, +- 12°
Terrain : et geet
Zuschauer : 70
0:1 18' Antonicelli, 0:2 30' Da Silva Joaquim
 
 
Tricolore huet verdéngt zu Uespelt gewonnen.  
 
Déi bescht Chanche fir Uespelt ass et schon no 20'' ginn, wéi en Uespelter Spiller fräi vu lénks am Tricolore Strofraum zum Schoss koum,
mee hinn huet driwwer gesat. Dueno huet Tricolore awer d'Spill an de Grëff krut. An der 16' huet de Joaquim Da Silva vu riets knapp langscht
de Poto gesat. Déi riets Säit vum Tricolore war zimlech aktiv, an den den éischte Goal ass och vun do virbereet ginn : De Ferdy Ciufoli ass
op riets geschéckt ginn, ass an de Strofraum agedrongen, huet eng gescheit Pass an d'Mëtt gemaach, do huet de Joaquim Da Silva geschoss,
säi Schoss ass ofgewiert ginn, mee de Carlo Antonicelli war op de richteger Plaz fir zum 0:1 ofzestauben. Den 2.Goal ass dunn ërem vu riets komm :
de Joaquim Da Silva ass ugespillt ginn an hien huet op der Strofraumgrenz ofgezunn an dem Uespelter Keeper keng Chance gelooss.
 
No der Paus huet Tricolore zunächst versicht d'Spill ze verwalten, huet awer Uespelt besser an d'Spill opkomme gelooss. Konkret Chanchen sinn awer
dobäi net entstan. An der 70' hat Tricolore ërem eng Goalchance : No engem Schoss vum Antonio Virgulino konnt den Uespelter Keeper nëmmen
ofklatschen, de Ball ass beim Mino Tria geland, dee konnt awer aus kuerzer Distanz net verwerten. An der Schlussphase hat Tricolore nach
gutt Chanchen, mee konnt se awer net verwerten.
 
Tricolore hat d'Spill gutt am Grëff a sou verdéngt 2:0 gewonnen.