Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,04.05.2008 16.00h : Tricolore - Biwer 2:3 (1:1)
Wieder : sonneg, gutt
Terrain : NaJa
Zuschauer : 60
0:1 44', 1:1 45' Antonicelli
1:2 48', 1:3 69' (Penalty), 2:3 88' De Lemos
 
Biwer huet verdéngt beim Tricolore gewonn.
 
Déi éischt hallef Stonn huet Tricolore dominéiert, Biwer huet sech zréckgezunn. D'Lokalequip huet awer näischt dobäi erausgeschloen.
Chance waren do, mee si sinn net verwert ginn. Dueno ass Tricolore ageschlof, a Biwer koum op. An der 44' huet dunn och e Biwer
Spiller am Tricolore Strofraum volley zum 0:1 eragesat. Obwohl de Mätch bis dohinner relativ langweilesch war, ass et Tricolore gelong
postwendent den Ausgläich ze schéissen, no engem Kappball vum Charles Etonde, deen de Biwer Goalie paréiert huet, konnt de Carlo
Antonicelli um 2.Poto erasetzen.
 
Wenn no der Paus geduecht huet Tricolore géif ërem opweschen, deen ass enttäuscht ginn, an der 48' huet e Biwer Stiermer d'Tricolore
Ofwier stoe gelooss an huet zum 1:2 verwandelt. Tricolore huet kaum eng Reaktioun gewissen, a Biwer hat liicht Spill. No engem domme
Foul am Tricolore Strofraum huet du Biwer an der 69' zum 1:3 erhéischt. Dueno het kënne Biwer nach weider erhéischen. Tricolore huet offensiv
enttäuscht. Et het trotzdem kënne Penalty ginn, wéi de Filipe De Lemos am Biwer Strofraum gedréckt ginn ass.
De Filipe De Lemos huet zumindest nach verkiertzt, wéi hien no engem schéinen Zouspill vum Pietro Lombardini vu lénks de Ball
an de Wénkel gesat huet.
 
30 Minuten déi relativ OK ware ginn net duer fir e Mätch ze wannen.