Spillbericht Senior 1 Championnat Donnëschdeg,13.09.2007 19.30h : Tricolore - Moutfort 4:0 (2:0)
Wieder : sonnëg
Terrain : et geet
Zuschauer : 70
1:0 35' Etonde, 2:0 37' Antonicelli
3:0 49' Etonde, 4:0 67' De Lemos (Penalty)
 
Am 3.Mätch huet d'1.Equip endlëch de Punktekonto eröffnet.
 
Tricolore huet versicht d'Spill am Ufank ze dominéiren, war och feldiwwerleen, mee an den éischten 30' ass näischt
konkretes dobäi erausgesprong. Op der anerer Säit hat Moutfort eng super Goalchance an der 22' , wéi e Spiller am
Tricolore Strofraum d'Ofwier ausgedanzt huet, mee säi Schoss huet de Spiller fräi verzunn. No enger halwer Stonn ass
dunn en Tricolore Spiller mat dem Moutforter Keeper zesummegeknuppt, an de Moutforter Keeper het misse behandelt
ginn. Dueno war Tricolore méi realistëch virum Goal. An der 35' huet den Emanuele Chioato vun der lénkser Strofraumgrenz
e Fräistouss erageknallt, an de Charles Etonde huet de Ball zum 1:0 an d'Masche gesat. 2' drop war et eng schéin Kombinatioun
déi zum 2:0 gefouert huet, an de Carlo Antonicelli konnt fräi eraschieben. 
 
2.Halschent : De Moutforter Goalie het missen ausgewieselt ginn (Verdacht op Gehirnerschütterung). Tricolore huet direkt Gas ginn,
an ass an der 49' belount ginn, wéi no enger Flank an de Strofraum de Charles Etonde zunächst e Kappball net kënne versenken, 
mee hien hat all Zäit gehat fir mat engem Fallrückzieher zum 3:0 eranzesetzen. Tricolore huet dueno d'Spill verwalt a konnt de Score
an der 67' nach eropschrauwen, de Filipe de Lemos ass an de Moutforter Strofraum gezunn, hien ass geluescht ginn, an huet
selwer de Penalty sëcher zum 4:0 verwandelt. Nodeems de Steven Schommer het missen verletzt eraus goen an Tricolore no 75'
nach nëmmen zu 10 war, huet Moutfort nach versicht eppes no vir ze rappen, ass awer ze harmlos gewiescht.
 
Endlësch den 1.Erfolleg, a wéi ee ka soen : Tricolore huet vum Kampf zum Spill fonnt an hat Moutfort iwwer wäit Strecken
vum Mätch am Grëff.