Spillbericht Senior 2 Championnatsmätch Freideg,16.03.2007 19.40h : Schifflange - Tricolore 0:0
Wieder : Kloren Himmel
Terrain : schmiereg
Zuschauer : 20
Ërem eng Kéier kruten d'Spektateuren keng Goaler bei der 2.Equip ze gesinn. 
 
Déi éischt super Chanche hat Tricolore ganz fréi, wéi den Eric Schiavo fräi um Schëfflénger Keeper gescheitert ass.
Et huet ee gesinn dass Schëffleng méi séier war an doduerch huet Tricolore déi Schëfflénger Spiller oft misste foulen. 
Virum Tricolore Strofraum sinn dann och geféierlech Fräistousssituatiounen entstann, déi awer versiebt gi sinn. 
Och Tricolore hat eng oder déi aner Chance, mee war ze ongenau am Ofschloss. Et ware vill Fouls am Spill, 
sou dass d'Spill oft het missen ofgebrach ginn.
 
No der Paus war zunächst och net vill lass, det nemlecht Bild praktesch. Dueno huet Tricolore puer geféierlech Situatiounen
no vir gehat, wéi de Schëfflénger Goalie de Ball puer mol net konnt festhalen, mee Tricolore huet net Profit doraus gezunn.
An der Schlussphase war Schëffléng dann ërem méi aktiv. Den David Spinelli huet Tricolore am Spill gehal duerch
gutt Paraden, an d'Gléck war och op der Säit vun Tricolore wéi e Schëfflénger Spiller de Poto getraff huet. 
 
Insgesammt kann Tricolore mat dem Remis zefridde sinn. Op béide Säiten goufen et puer Chanchen, déi jong Schëfflénger 
Equip war zwar méi séier, mee Tricolore huet dogéint gehal.