Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Schifflange '95 - FC Tricolore Gasperich 2:2 (1:0)

1:0 37'

1:1 61' Silva, 2:1 63', 2:2 90' Lombardini

 

Wieder : sonneg, +- 25°

Terrain : gutt

Zuschauer : 80

 

 

 

Zu Schëffléng huet Tricolore nach konnten e Gläichspill erausschloen.

An der Ufanksphase war Tricolore kloer on Top, mee gutt Goalchancen si versiebt ginn. An der 17' ass de Pietro Lombardini geschéckt ginn, hien huet de Ball ausserhalb vum 16m langscht de Schëfflénger Keeper gesat, de Keeper huet e Reflex gemaach an de Ball mat der Hand ofgewiert, an den Arbitter huet regelkonform dem Keeper Rout gewissen. Kuerz drop war den Denis Rizvani op riets duerch, mee säi Lob ass iwwert de Goal gaangen. Dunn war et awer eriwwer mat der Tricolore Herrlechkeet, an d'Equip ass ageschlof. Mat engem Mann méi huet Tricolore sech ze sëcher gefillt. Kuerz no der Halferstonn hat dunn och Schëffléng Pech, e Spiller ass op lénks duerchgaang, huet Tricolore Ofwier iwwerspillt, mee säi Schoss ass um Innepoto henke bliwwen. Tricolore war weider vun der Roll an ass esou an der 37' bestroft ginn, eng Flank vu riets konnt e Schëfflénger Spiller fräi iwwert de Steve Krier mam Kapp erasetzen. Tricolore war weider am Tiefschlaf.

No der Paus ass Tricolore awer erëm opgewescht an huet direkt eng Reaktioun gewissen, Tricolore huet de Mätch dominéiert, mee Schëffléng stoung gutt an huet d'Räim eng gemaach. Chancen waren op béide Säiten Mangelware. An der 61' ass dunn den Amer Dautbasic op riets duerchgaang, seng Flank op den 2.Poto konnt den Joscelino Silva zum 1:1 erasetzen. Mee nëmmen 2' drop ass d'Lokalequip erëm a Féierung gaangen, d'Ofwier vun Tricolore huet et net ferdegbruecht de Ball géint e Schëfflénger Spiller erauszekréien, an plötzlech ass de Spiller fräi virum Steve Krier opgetaucht an huet de Ball an de laangen Eck gesat. An der 64' den nächste Schock, de Joscelino Silva krut d'Rout Kaart gewissen well hien no Provokatiounen vu Schëfflénger Säit sech zu enger aggressiver Szene hiräisegelooss huet. Tricolore huet weider no vir gespillt an Schëffléng huet duerch seng séier Spiller op Konter gelauert. En opene Mätch ass entstan. Tricolore ass weider marschéiert, hat awer Schwieregkeeten fir d'Schëfflénger Ofwier auszespillen. An der 90' huet dunn den Tun Curioso de Ball schéin erageflankt an de Pietro Lombardini war do fir den Ausgläich ze besuergen. Nom 2:2 hu béid Equipen versicht nach ze wannen, den Arbitter huet wéinst de Verzögerungen och 5' nogespillt. Schëffléng hat dunn an der Period nach eng Riesechance, eng ze kuerz Réckpass konnt e Spiller fräi ophuelen, hien wollt de Steve Krier loben, mee de Keeper huet sech gestreckt fir de Ball nach virun der Goallinn ze fenken.

Mol eng Kéier war d'Gléck op der Säit vun Tricolore, obwohl Tricolore ze vill einfach Bell verluer huet, ass d'Moral nach belount ginn.