Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,25.05.2008 18.30h : Tricolore - Red Black/Egalité 5:1 (2:1)
Wieder : liicht bedeckt, awer OK
Terrain : knubbeleg
Zuschauer : 90
0:1 7', 1:1 32' Etonde, 2:1 37' Etonde
3:1 46' Lombardini, 4:1 87' Antonicelli, 5:1 89' Rampino
 
Zum Heemofschloss huet Tricolore sech kloer géint de Red Black/Egalité duerchgesaat.
 
Am Ufank huet Tricolore gepennt, an an der 7' huet de Red Black den 0:1 geschoss, wéi no engem laange Ball an d'Déift e Spiller fräi konnt 
ophuelen a volley an d'Masche gesat huet. D'Lokalequip hat Problemer an de Mätch ze kommen, de Red Black war méi bësseg. No ongeféier
enger halwer Stonn ass Tricolore awer besser an d'Spill komm. Duerch 2 Goaler virun der Halschent vum Charles Etonde, deen 2 Mol schéi
fräi gespillt ginn ass, huet Tricolore d'Blad gedréit. 
 
Direkt no der Paus ass den 3:1 gefall, de Red Black/Egalité huet op Abseits gespillt, dat ass schiefgaang, Tricolore Spiller sinn op de Goal gezunn,
a iwer Ëmweeer ass de Ball beim Pietro Lombardini geland, den eragesat huet. Dueno huet de Red Black méi opgemaach, an huet probéiert nach
eppes ze räisen, ass awer meeschtens bei harmlose Versich bliwwen. Tricolore hat gutt Kontersituatiounen, déi awer oft kläglech versiebt gi sinn.
Zum Schluss huet Tricolore no Konteren de Wee awer nach fonnt fir de Score op 5:1 eropzeschrauwen. Positiv ze bemierken, ass dass de Carlo
Antonicelli a sengem leschten Heemmätch fir Tricolore nach e Goal geschoss huet an dem Roberto Rampino säin 1.Goal zum Schluss nach 
opgeluescht huet.
 
Verdéngt gewonn, obwohl Tricolore eng laang Phase gebraucht huet, fir an de Mätch eranzekommen.