Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Sporting Bertrange  - FC Tricolore Gasperich 0:2 (0:0)

 

0:1 82' Monteiro, 0:2 87' Sinanovic

 

Wieder : sonneg, +- 25°

Terrain : gutt

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Zu Bartréng huet Tricolore 3 Punkten agefuer.

Direkt am Ufank vum Mätch hat Bartréng schon 2 gutt Chancen, eng Kéier hat e Spiller am 5m Raum vergiess ze schéissen an huet gepasst, an de Rebound vum engem Bartrénger Spiller huet de Michele Corallo vun der Goallinn erausgekeppt.  An der 5' huet den Orlando Da Rocha awer Tricolore Reaktioun gewissen, hien huet aus 16m voll ofgezunn, mee de Bartrénger Keeper huet super ofgewiert. Dueno ass et méi roueg ginn, a béid Equipen hunn sech wéineg konkret Goalchancen erausgespillt. Sou soll et beim 0:0 zur Paus bleiwen.

No der Paus hat Bartréng eng gutt Goalchance, de Steve Wolff am Tricolore Goal huet awer ofgewiert. Tricolore hat Problemer an d'Spill ze fannen. Béid Formatiounen hunn sech neutraliséiert. No 60' huet dunn awer Tricolore d'Spill méi kontrolléiert. An der 76' huet e Bartrénger Spiller de Ball mat der Hand am Strofraum ofgewiert, de fellegen Penalty huet den Tun Curioso op de Poto gesat. Tricolore huet awer net opginn, no enger Flank vum Amer Dautbasic, huet de Bartrénger Goalie paréiert, de Joe Monteiro war awer op der Plaz fir zum 1:0 eranzesetzen. An der 87' huet den Adel Sinanovic mat engem fulminanten Schoss aus 30m zum 2:0 erhéischt.

Opgronnt vun enger Energieleeschtung an der Schlussphas huet Tricolore den 1.Sieg agefuer. Spill ausgeglach, mol eng Kéier hat Tricolore d'Chance op senger Säit.