Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,25.03.2007 15.00h : AS Luxembourg - Tricolore 2:3 (0:1)
Wieder : bedeckt, +- 12°
Terrain : OK
Zuschauer : 50
0:1 45' Tria
0:2 47' Antonicelli, 1:2 60', 1:3 79' Schommer, 2:3 90' (+1') 
 
An engem onspektakulere Mätch huet Tricolore verdéngt awer mat Krempes beim Fëschmaart gewonn.  
 
Am Ufank war net vill lass an déi éischt gutt Chanche hat Tricolore wéi de Pascal Langers no enger Flank op den 2.Poto
fräi mam Kapp konnt ophuelen, mee en ASL Spiller huet op der Linn geklärt. Selten konnt een an der 1.Period gutt
Aschossméigleschkeeten gesinn. De Feschmaart huet hanne clever gespillt an Tricolore oft an den Abseits gesat.
D'AS Lëtzebuerg huet geleegentlech och no vir eppes gerappt, mee näischt konkretes. An der 45' krut een dunn awer nach
e Goal gebueden : De Filipe De Lemos huet vun der rietser Säit Richtung ASL Strofraum gepasst, de Mino Tria konnt op
der 16er Grenz fräi de Ball ophuelen an hien huet cool an de lénksen Eck zum 0:1 eragesat.
 
Déi 2.Halschent ass dunn gutt ugaang fir Tricolore, wéi an der 47' de Carlo Antonicelli no engem Korner vum Antonio Curioso
am Getümel fräi konnt de Score erhéigen. Dueno ass Tricolore noléisseg ginn an huet de Fëschmaart ërem opkomme gelooss.
D'Rechnung krut Tricolore an der 60', wéi en ASL Spiller am Tricolore Strofraum fräi zum Schoss komm ass a locker zum 1:2
verkiertzt huet. Tricolore ass an der Phase ëmmer méi onsëcher ginn an D'ASL hat no fir gedrängt. E Konter vun Tricolore huet
dunn awer zum 1:3 geféiert duerch den Steven Schommer, deen ugespillt ginn ass, an dem ASL Goalie keng Chance gelooss huet.
D'Spill ass weider dohigepletschert an d'AS Lëtzebuerg krut an der Nospillzäit no e Penalty zougesprach wéi de Pascal Langers
e Spiller am Strofraum soll emgerannt hunn. Penalty locker verwandelt zum 2:3.
 
Tricolore hat iwwer wäit Strecken méi vum Spill a sou huet d'Equip sech den 3:2 och verdéngt.