Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 18.11.2012 16.00h : FC Red Boys Aspelt - FC Tricolore Gasperich 1:0 (0:0)

 

1:0 60'

 

Wieder : staark bedeckt, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 30

 

 

 

 

Tricolore huet onnéideg mat 0:1 zu Uespelt verluer.

Tricolore war déi dominant Equip, Uespelt stoung déif an huet et Tricolore schwéier gemaach. Goalchancen ware praktech net do, just eng ganz gutt vun Tricolore wéi no enger Flank vum Carlo Antonicelli, de Nuno De Almeida aus 5m fräi op den Uespelter Keeper gekeppt huet. Tricolore huet weider versicht, mee ass ëmmer nees un der kompakter Uespelter Ofwier henke bliwwen. Kuerz virun der Paus huet dunn Tricolore den 1.Cadeau verdeelt, e Spiller huet laangscht de Ball gerannt, den Uespelter Stiermer ass fräi op de Goal gezunn, mee hien huet säi Schoss aus 10m verzunn.

No der Paus huet Uespelt méi matgespillt an et ass en offene Schlagabtausch ginn. De Mätch war méi séier ginn, mee trotzdem ware béid Equipen no vir harmlos. Den 2.Cadeau vun Tricolore huet dunn awer Uespelt zur 1:0 Féierung genotzt, en Tricolore Spiller huet eng No-Look Pass op de 5m an den Tricolore Strofraum gespillt, an dës Kéier konnt den Uespelter Spiller fräi de Ball locker eraschieben. Dueno huet Tricolore nach versicht eppes ze rappen, mee Tricolore huet de Schlëssel net méi fonnt.

Eng enttäuschent Leeschtung vun Tricolore. D'Batterie fenkt un eidel ze ginn, nach 2 Mätcher bis zur Wanterpaus.