Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - Etoile Sportive Clemency 2:2 (0:0)

 

1:0 58' Dautbasic, 2:0 65' Rizvani, 2:1 74', 2:2 76'

 

Wieder : staark bewölkt dueno Reen, +- 15°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 40

 

 

 

Obwohl Tricolore de Mätch am Grëff hat, huet Tricolore 2 wichteg Punkten am Ofstiegskampf géint Këntzeg verspillt.

Vun Ufank un huet Tricolore d'Spill an d'Hand geholl an huet de Mätch kontrolléiert, dobäi huet d'Lokalequip sech e puer geféierlech Goalsituatiounen erausgespillt, mee huet awer kee Rezept fonnt fir de Ball ënnerzebréngen. Këntzeg hat eng gutt Goalchance déi de Steve Krier mat enger Parade vereitelt huet.

No der Paus, dat gläicht Bild, Tricolore huet weider dominéiert an den Amer Dautbasic huet per Fräistouss de Ball op de Poto gesat. An der 58' dunn awer de verdéngten 1:0, den Amer Dautbasic huet de Ball aus 20m ënnert d'Lat geknallt. An der 65' huet Tricolore dunn op 2:0 erhéischt, de Pietro Lombardini ass op lénks duerchgaang, huet an d'Mëtt gepasst an den Denis Rizvani huet de Ball aus 5m eragesat. Tricolore huet sech ze sëcher gefillt an ass dueno batter bestroft ginn, Këntzeg huet op 2:1 verkierzt wéi e Spiller aus 20m vun halleflénks ofgezunn huet, de Ball ass ofgefäscht ginn an de Steve Krier ass um falsche Fouss erwëscht ginn. Nëmmen 2' drop den 2:2, vu lénks ass de Ball an den Tricolore Strofraum geflankt ginn, d'Ofwier huet gepennt an e Këntzeger Spiller konnt ganz fräi um 2.Poto de Ball eraschéissen. Dueno war et en opent Spill ,béid Equipen hu versicht nach ze wannen, dofir sinn och op béide Säiten hanne Lescher entstann. An der Schlussphase hat Tricolore awer nach déi bescht Geleegenheet, den Denis Rizvani ass op riets duerchgaangen mee seng Schossflank ass knapp laangscht de Poto gaangen.

Obwohl Tricolore verdéngt vir war, huet d'Equip dueno taktesch onklug gespillt, anstatt hannen zouzemaachen huet d'Equip sech ze sëcher gefillt an d'Ofwierverhalen ass vernoléissegt ginn.