Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : U.S. Sandweiler  - FC Tricolore Gasperich 1:1 (0:1)

0:1 18' Silva, 1:1 90' (+1') (Penalty)

Wieder : staark bedeckt

Terrain : OK

Zuschauer : 50

 

 

 

 

Zu Sandweiler huet Tricolore eng gudd Leeschtung bruecht.

Tricolore war vun Ufank un voll do, an hat gutt Goalchancen, den Amer Dautbasic huet per Fräistouss de Sandweiler Goalie gepfréift, de Mike Ribeiro krut de Ball fräi virum Goal net ënnerbruecht. An der 18' ass dunn den 0:1 gefall : Den Amer Dautbasic huet e Fräistouss vu riets an de Sandweiler Strofraum bruecht an den Joscelino Silva ass am héichste gesprongen an huet per Kapp de Ball an de Wénkel gesat. Sandweiler hat d'Spill zwar gemaach, mee eppes konkretes konnt d'Lokalrquip net opweisen. Tricolore war weider konzentréiert an no enger halwer Stonn hat den Orlando Da Rocha den 0:2 um Fouss, hien huet de Ball am Strofraum krut, mee säi Schoss aus 5 m ass vun der Lat ërem an d'Spillfeld komm. Kuerz virun der Paus hat dunn awer och Sandweiler eng Riesechance, e Spiller ass op riets alleng duerchgaang, den David Spinelli am Goal huet de Wénkel verkierzt an de Spiller huet de Ball no vir gespillt, wou en aneren Sandweiler Spiller awer am Abseits stoung.

Déi 2.Halschent ass e sou weidergaang wéi déi éischt. Sandweiler huet versicht eppes ze rappen, mee Tricolore war weider gutt am Spill. Trotzdem hat Sandweiler bal den 1:1 geschoss, e Spiller huet vu 16m ofgezun, mee de Ball ass riischt op de Poto gaang. Dueno war et just nach Tricolore déi offensiv präsent war, mee trotz gutt Kombinatiounen si Chancen vermasselt ginn, de Mike Ribeiro konnt alleng virum Goal de Ball net ënnerbréngen. No der giel-rouder Kaart fir Sandweiler (De Spiller huet esou laang gemeckert bis e vum Terrain geflunn ass), hat Tricolore weider Riesechancen duerch den Edison Bardhi, eng Kéier wollt hien mam Ball an de Goal trëppelen anstatt am richtege Moment ze schéissen, eng aner Kéier huet hien aus 5m ganz fräi de Sandweiler Keeper ugeschoss. Fir déi vill onfaverte Chancen sollt Tricolore an der Nospillzäit Cash bezuelen, no enger ze kuerzer Réckpass mam Kapp ass den David Spinelli iwwerascht ginn, an war ze spéit géint e Sandweiler Spiller, deen hien dunn vun de Bee gehol huet. De fellegen Penalty ass sëcher verwandelt ginn.

Tricolore hat 3 Punkten verdéngt, gutt gespillt, mee eben déi Riesechancen net verwert. Et bleiwt nach nozedroen dass d'Arbittertrio eng gutt Leeschtung bruecht huet, a reegelmeeseg mat eneen kommunizéiert huet.