Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 27.02.2015 20.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Blo-Wäiss Itzig 0:6 (0:3)

0:1 8' Itzig, 0:2 38' Itzig, 0:3 43' Itzig

0:4 47' Itzig, 0:5 83' Itzig, 0:6 90' Itzig

 

Wieder : kloren Himmel, +- 5°

Terrain : bespillbar, bësse Waasser drop

Zuschauer : 40

 

 

 

 

 

 

 

 

Tricolore kasséiert déi 11.Championnatsnidderlag a Serie duerch en däitlechen 0:6 géint Izeg.

Schon an den Ufanksminuten hat Izeg 2 Riesechanchen fir a Féierung ze goen. Den 1:0 ass dunn awer duerch Zoufall gefall, wéi en Izeger Spiller geflankt huet an de Ball sech hannen an den Goaleck gesenkt huet. Tricolore hat Mëtt vun der 1.Halschent eng Riesechanche fir auszegläichen, mee d'Lokalequip krut de Ball aus 5m alleng virum Goal net eragesat. Izeg huet vun engem defensiv schlecht Ofwierverhalten vun Tricolore profitéiert a weider 2 Goaler virun der Paus geschoss.  An der 47' huet Izeg schon op 4:0 erhéischt. Dueno huet de Mätch sech méi offe gestalt, an op béide Säiten gouf et Riesechancen fir Goaler ze schéissen. Den Ënnerscheed war awer dass Izeg duerch e krasst schlecht Ofwierverhalen vun Tricolore nach weider 2 Goaler geschoss huet, an Tricolore selwer virum Izeger Goal versot huet.