Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 03.09.2014 19.30h : FC Red Star Merl-Belair - FC Tricolore Gasperich 2:2 (1:0)

1:0 6' Red Star, 2:0 58' Red Star (Penalty), 2:1 70' Leonel Rodrigues, 2:2 80' Tiago Nunes

Giel-Rout Kaart Red Star 45' (+2'), Giel-Rout Kaart Red Star 45' (+3')

 

Wieder : staark bedeckt, +- 13°

Terrain : syntheetesch

Zuschauer : 30

 

 

 

 

 

 

Tricolore huet zu Märel no engem 0:2 nach en 2:2 Gläichspill erausgeschloen. Tricolore war déi 2.Halschent mat 2 Spiller méi um Terrain.

D'Ufanksphase huet Tricolore nees verschlof, a sou ass Märel an der 6' a Féierung gaang. Mëtt vun der 1.Halschent huet Tricolore de Mätch an de Grëff krut. Tricolore hat gutt Offensivaktiounen, mee de richtegen Ofschloss huet gefeelt. An der 42' huet de Ben Schaul e Märeler Spiller am Strofraum vun de Been geholl. De Ben Schaul huet awer de Penalty paréiert. Kuerz virun der Paus ass bei der Lokalequip Chaos entstan, 2 Spiller si vum Terrain gesat ginn. Mat 11-9 huet Tricolore déi 2.Halschent gespillt. Zunächst war Tricolore awer total ongeféierlech, an no engem domme Feeler, wou engem Tricolore Spiller de Ball un d'Hand gesprongen ass, huet de Red Star den 2.Penalty zougespraach krut, deen d'Lokalequip och zum 2:0 verwandelt huet. Dueno ass Tricolore awer erwescht, an huet duerch 2 schéi herausgespillte Goaler nach den Ausgläich gepackt. An de Schlussminuten huet Tricolore nach eng Kéier alles versicht fir ze wannen, mee Märel huet näischt méi zougelooss.