Spillbericht Senior 2 Championnat Samsdeg,14.04.2007 18.35h : Bettembourg - Tricolore 5:2 (3:0)
Wieder : sonneg, summerlëch waarm
Terrain : OK
Zuschauer : 20
1:0 7', 2:0 33', 3:0 44'
4:0 54', 4:1 68' Da Silva J., 4:2 75' Coelho, 5:2 90' (+2')
 
Obwohl de Märchepark just niewend dem Beetebuerger Terrain ass, het Tricolore net missen an en Dornröschenschlof falen. 
 
An der 1.Halschent huet Beetebuerg séng séier Spëtzen agesat, an Tricolore ass oft net no komm.  Individuell Stellungsfeeler
hunn dozou geféiert dass et schon an der Paus 3:0 stoung. Tricolore hat och déi eng oder aner Goalchanche, déi bescht kuerz virun der Paus,
wéi de Joaquim Da Silva fräi virum Goal het kënnen zum 2:1 verkierzen.
 
Ween geduecht huet dass Tricolore an der 2.Halschent endlesch erwecht huet sech getäuscht. Beetebuerg huet nogesat an zum 4:0 erhéischt. 
No enger Stonn ass Tricolore dunn awer erwecht an huet bei der 1.geféierlecher Aktioun an der 2.Halschent zum 4:1 verkiertzt. Tricolore
huet du weider Drock gemaach an obwohl nach puer Chanchen erausgesprong sinn huet d'Equip just nach emol gescort. Duerch e Konter
huet Beetebuerg nach an der Nospillzäit op 5:2 erhéischt. 
 
Eng enteuschent Leeschtung, déi Tricolore op eng Ofstiegsplaz bruecht huet.