Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - Etoile Sportive Clemency 1:0 (0:0)

Wieder : bedeckt, kal

Terrain : schlecht

Zuschauer : 40

 

 

 

1:0 68' Silva

Géint den Tabelleleader aus Këntzeg huet Tricolore durch Kampf a Leidenschaft 3 Punkten agefuer.

Ouni déi gespaarten Michele Corallo a Claude Beck, an Joel Nobre, dee net konnt fir de Mätch do sinn, hunn 3 potentiell wichteg Ofwierspieler gefeelt.

Dofir huet de Marco Lupinello a Mino Tria hanne gespillt a si hunn sech och voll agesat. Eng spillerëch Differenz vun de béiden Equipen konnt een am Ufank net

erkennen. Këntzeg huet zwar méi op de Goal geschoss, mee et wat Tricolore déi di bescht Goalchance hat, de Mike Ribeiro huet sech op riets duerchgesaat, huet am Strofraum de Ball fir de Pietro Lombardini opgeluescht, mee schäi Schoss ass aus kuerzer Distanz vum Këntzeger Goalie ofgewiert ginn.

Dueno hat Këntzeg nach 2 Schëss opzeweisen, déi vum gutt opgelueschten Emanuele Chioato am Tricolore Goal ofgewiert goufen.

 

No der Paus huet Tricolore weider sech leidenlech dragehaang, a konnt sech och déi eng oder aner Chance erausspillen. An der 68' huet dunn den Antonio

Curioso aus dem Mëttelfeld de Ball op den 2. Poto bruecht, den Joscelino Silva ass dragesprint a konnt de Ball mam Kapp erasetzen. Dueno huet Këntzeg

logëscherweis versicht den Ausgläich ze markéiren, an si haten eng gutt Chance, wéi e Spiller op de Goal gezunn ass, mee hien ass am leschten Moment nach

ofgeblockt ginn. Tricolore huet nach puer gutt Kontersituatiounen gehat. An der Schlussphase hunn sech d'Fräistéiss fir déi Këntzeger geheeft, mee d'Tricolore

Ofwier huet dem Drock standgehal.

 

Eng gutt Leeschtung vum FC Tricolore.