Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 28.04.2013 16.00h : FC Schifflange 95' - FC Tricolore Gasperich 1:2 (0:0)

 

1:0 59, 1:1 73' Sali, 1:2 84' De Almeida

 

 

Wieder : bedeckt, +- 8°

Terrain : schmiereg, schlecht

Zuschauer : 50

 

 

 

 

 

 

Tricolore huet de vollen Asaatz zu Schëffllég krut.

Schëffléng huet dominéiert an huet Tricolore zréckgedrengt. Doduerch sinn e puer geféierlech Aktiounen entstan. Tricolore huet awer gutt verteidegt, no vir konnt d'Equip awer näicht konkretes mellen.

No der Paus huet Schëffléng weider dominéiert, an de Féierungsgoal loug an der Loft. An der 59' war et dunn esou wäit, Tricolore war total blank op der lénkser Säit, e Schëfflénger Spiller ass duerchgezunn, huet an d'Mëtt geflankt, wou e Schëfflénger Spiller fräi zum 1:0 konnt erasetzen. Tricolore huet awer eng super Moral gewissen an dueno de Mätch kontrolléiert. D'Equip huet sech gutt Aschossméiglechkeeten erspillt. An der 73' huet Tricolore dunn ausgeglach, de Erdovan Sali ass duerchgaang an huet den 1:1 besuergt. Tricolore war dueno weider um Drécker, an no enger schéiner Kombinatioun huet den Nuno De Almeida den 2:1 geschoss.

Eng super Moral vun Tricolore.