Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 11.09.2011 : FC Blo-Wäiss Itzig - FC Tricolore Gasperich 3:0 (1:0)

1:0 18'

2:0 52', 3:0 84'

 

Wieder : vill Reen, dueno drëschen

Terrain : Waasserpull duerch de ville Reen

Zuschauer : 70

 

 

 

Onglécklech verléiert Tricolore mat 0:3 zu Izeg.

Tricolore huet direkt Drock gemaach op engem schwéier bespillbaren Terrain, duerch de ville Reen war den Terrain e Waasserpull. Tricolore hat gutt Goalchancen déi leider net verwert gi sinn. Praktesch mat der éischter gudder Offensivaktioun vun Izeg huet et awer nees am Tricolore Goal gerabbelt, individuelle Feeler an der Ofwier, 1:0. Tricolore huet dueno awer weider no vir gespillt ass, mee ass fir den Opwand net belount ginn, den Itzeger Keeper huet och gutt Parade gemaach.

An der 2.Halschent huet et endlech opgehal mat reenen. Tricolore ass weider marschéiert, mee schon an der 52' ass den 2:0 fir d'Lokalequip gefall, well d'Ofwier nees gepennt huet. Tricolore war weider spillbestëmment, an Izeg huet op Konter gelauert. Weider Goalchancen sinn op Tricolore Säit net genotzt ginn, an Izeg huet an der 84' op 3:0 erhéischt.

Insgesammt eng gudd Reaktioun op de Grottekick um 1.Spilldag, mee trotzdem war zumols d'Owier an den entscheedenen Situatiounen net preesent.