Sonndeg, den 10.09.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

Les Amis de la Moselle Remerschen  - FC Tricolore Gasperich 1:0 (0:0) 

 

Och am 2.Championnatsmätch ass et fir Tricolore näischt ze huelen ginn.

An deenen éischte 15' war Tricolore nach nët richteg aktiv an et war Remerschen déi e puer geféierlëch Aktiounen opzeweisen haten. An der Mëtt vun der 1.Halschent, huet Tricolore dunn d'Spill an de Grëff krut a sech gutt Chancen erausgespillt, déi bescht an der 36' wéi den Eric Schiavo am Strofraum alleng zum Schoss koum, mee de Goalie vu Remerschen zum Korner paréiert huet. Remerschen huet och nach puer Mol den Tricolore Goal op Konter hinn getest.

An der 2.Halschent war nët vill lass, Tricolore huet versicht unzegréifen a Remerschen stoung massiv hannendran. An der 52' huet et dunn awer bal am Tricolore Goal geschellt, wéi e Remerschener Spiller vu riets alleng an de Strofraum gezunn ass, mee säi Schoss ass langscht de Goal gaang. Just eng reel Goalchanche hat Tricolore an der 2.Halschent : den Antonio Virgulino krut de Ball virun der Goallinn awer nët ënnerbruecht. D'Rechnung fir déi Harmlosegkeet an der 2.Halschent krut Tricolore dunn an der 85' : E Spiller vu Remerschen huet e Fräistouss vu 35m voll an de Wénkel gesat.

Tricolore huet ërem dominéiert, mee konnt spillerech nët iwerzeegen.

 

Remerschen - Tricolore Opstellung