Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 30.10.2011 14.30h : Union Remich/Bous - FC Tricolore Gasperich 1:2 (0:0)

 

0:1 59' Sinanovic, 1:1 69', 1:2 85' Curioso (Penalty)

 

Wieder : bedeckt, +- 15°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 80

 

 

 

Verdéngt gewënnt Tricolore zu Réimech.

Déi éischt Minutten hunn awer der Lokalequip gehéiert. Réimech/Bous huet d'Spill an de Grëff geholl. An deenen éischten 20 Minutten hat Réimech/Bous e richtegt Kornerfestival. Trotzdem stoung d'Tricolore Ofwier relativ secher an huet näischt ubrenne gelooss. Dueno ass Tricolore besser an d'Spill komm an hat puer gutt Offensivaktiounen, déi awer leider net zum Erfolleg gefouert hunn. Béid Equipen hu gekämpft, Réimech/Bous hat méi vum Spill, mee Tricolore hat déi méi geféierlech Offensivaktiounen.

Och no der Paus wollt Réimech/Bous direkt dominéiren, mee Tricolore huet weider gutt dogéint gehalen. Tricolore ass ëmmer méi geféierlech ginn, d'Goalchancen waren op Tricolore Säit do, esou konnt de Réimecher Keeper e super Schoss vum Tun Curioso nach iwwert d'Lat lenken. An der 59' ass dunn awer Tricolore verdéngt a Féierung gaangen, den Adel Sinanovic huet no engem plazéierten Dréischoss aus 16m den 1:0 besuergt. No enger gudder Geleegenheet duerch den Denis Rizvani fir op 2:0 ze erhéigen war dueno nees Réimech/Bous méi preesent. No engem laange Ball op d'lénks Ofwiersäit vun Tricolore, konnt sech e Réimecher Spiller duerchsetzen, hien huet an d'Mëtt geflankt, wou en anere Spiller aus 5m den 1:1 geschoss huet. Tricolore war geschockt a Réimech/Bous huet weider Gas ginn, konnt sech awer keng konkret Goalchance erausspillen. Op der Géigesäit, ass den Tun Curioso an der 85' un de Ball komm, hien ass an de 16m agedrongen, an ass vun engem Réimech/Bous Spiller gefoult ginn. Penalty, deen den Tun Curioso suverän verwandelt huet. Dueno wollt d'Lokalequip nach eppes rappen, konnt awer keng reel Goalgefor méi ausstralen, an Tricolore hat nach puer Konterchancen.

Tricolore huet gutt gekämpft, an hat déi besser Offensivaktiounen, eng gutt Astellung vun alle Spiller.