Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - Sporting-CLub Bettembourg 2:2 (2:1)

1:0 6' Dautbasic, 2:0 12' Da Rocha, 2:1 19'

2:2 49'

 

Wieder : sonneg, +- 25°

Terrain : OK

Zuschauer : 120

 

 

 

 

Zum Optakt an der 1.Divisioun huet Tricolore géint Beetebuerg e Gläichspill erausgeschloen.

Et ass gutt ugaang fir d'Lokalequip, Tricolore huet no vir gespillt. An der 6' huet den Amer Dautbasic e Fräistouss aus 25m an de rietsen Eck gesat. Tricolore huet weider no vir gespillt an no enger Kappballverlängerung vum Toy Virgulino ass den Orlando Da Rocha fräi op de Goal gezunn, an huet zum 2:0 eragesat. Beetebuerg war nach am Märchepark an huet am Ufank en Dornröseschlof gehal. Dueno ass Beetebuerg awer opgewescht an huet Tricolore no hanne gedrengt, an der 19' ass dunn den 2:1 gefall, wéi déi lénks Ofwiersäit vun der Lokalequip och ang Auszäit hat, an e Beetebuerger Spiller konnt fräi zum 2:1 verkierzen. Beetebuerg hat weider Uewerwaasser, hat awer weider keng konkret Goalchance méi virun der Paus.

3' an der 2.Halschent huet déi lénks Ofwiersäit vun Tricolore ërem schlecht ausgesinn, an e Beetebuerger Spiller ass duerchgaangen an huet den 2:2 geschoss.  Beetebuerg huet Blut geleckt a weider dominéiert. Dobäi konnte si awer aus hierer Iwwerleeënheet kee Kapital erausschloen. No enger Pass an d'Déift vum Tun Curioso an der 75' ass den Amer Dautbasic fräi virum Beetebuerger Goal opgetaucht, mee säi Schoss konnt de Beetebuerger Goalie glänzend paréiren : Riesechance fir Tricolore. Dueno weider dat gläicht Spill, Beetebuerg huet dominéiert, awer Tricolore konnt och nach puer Konter setzen. No enger Giel-Rouder Kaart fir de Michele Corallo, hat Beetebuerg nach eng Riesechance, wéi e Spiller um 2.Poto ganz fräi zum Kappball komm ass, mee zum Gléck fir d'Lokalequip knapp langscht de lénkse Poto gesat huet.

Tricolore huet super ugefaang, Beetebuerg hat dueno dominéiert. 2:2 OK.