Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 28.09.2014 16.00h : FC Jeunesse Biwer - FC Tricolore Gasperich 3:1 (0:0)

 

0:1 52' Antonio Curioso (Penalty), 1:1 58' Biwer, 2:1 71' Biwer, 3:1 90' Biwer

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : knubbeleg

Zuschauer : 60

 

 

 

 

 

 

 

An den éischter halwer Stonn war de Mätch langweileg a vu vill Kampf a Krampf geprägt. Dueno hat Tricolore gutt Chancen virun der Paus a Féierung ze goen, déi bescht hat de Miguel Pereira, mee säi Lob iwwert de Biwer Keeper ass op der Lat geland. An der 52' ass den Amilton Jesus am Biwer Strofraum an de Réck gestouss ginn, an de fellege Penalty huet den Tun Curioso sëcher verwandelt. An der 58' huet Biwer den 1:1 duerch e kloren Abseitsgoal geschoss, wéi e Biwer Spiller vu riets an d'Mëtt geflankt huet an en anere Spiller de Ball aus kuerzer Distanz aus Abseitspositioun iwwert d'Lin gedréckt huet. Biwer hat dueno eng Riesechance den 2:1 ze schéissen, mee de Ben Schaul huet gutt paréiert. Kuerz drop hat Tricolore d'Riesechance a Féierung ze goen, den Dany Faria ass an d'Déift geschéckt ginn, de Biwer Keeper koum erausgestiermt a war 30m virum Goal, mee Tricolore konnt déi kloer Goalsituatioun net ausnotzen. An der 71' huet Biwer den 2:1 geschoss. Tricolore hat nach eng gutt Goalchance wéi den Sebastien Helle den Amilton Jesus fräi gespillt huet, mee dem Amilton Jesus säi Schoss konnt de Biwer Keeper aus kuerzer Distanz paréiren. An der leschter Minutt huet Biwer nach ee Goal aus Abseitspositioun geschoss. Nom Mätch krut den Thomas Breyer nach déi Giel-Rout Kaart gewissen. D'Tricolore Lager war rosen mam Arbitter deen entscheedend Situatiounen zu Ongonschten vun Tricolore gepaff oder net gepaff huet.