Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 02.10.2011 : Football Club Ehlerange - FC Tricolore Gasperich 1:1 (0:1)

0:1 27' Sinanovic

1:1 74'

 

Wieder : sonneg, +- 25°

Terrain : OK

Zuschauer : 40

 

 

 

Tricolore spillt och zu Éilereng 1:1 gläich.

Tricolore ass praktesch mat dem leschten Aufgebot ugetrueden. Den Trainerstaff Goergen/Heinz huet de Weekend dauernd missen d'Equip nei opstellen, well sech ëmmer nees Leit ofgemellt hunn. Esou hunn dann och missen Spiller op ongewéinleche Positioune spillen. Tricolore ass awer besser an de Mätch komm an huet Éilereng dominéiert, a huet gutt no vir gespillt, an der Drangphase hat Tricolore dunn och déi 1.Riesechance, wéi den Adel Sinanovic vu riets geflankt huet, an den Denis Rizvani fräi virum Goal um Éilerenger Keeper henke bliwwen ass. Tricolore hat Éilereng weider gutt am Grëff, an an der 27' ass den 0:1 gefall, den Adel Sinanovic ass op der Limit vum Abseits geschéckt ginn, an hien huet de Ball fräi virum Éilerenger Keeper an den rietsen Eck gesat. Bis zur Paus war Tricolore weider déi Equip déi méi offensiv Szenen hat an d'Lokalequip war gutt a Schach gehal ginn.

An der 2.Halschent huet dunn Éilereng den Tempo erhéischt an huet d'Spill gemaach. Trotzdem war et nees Tricolore déi di éischt Riesechanche hat, um 2.Poto ass den Antonio Virgulino aus 5m fräi zum Schoss komm, mee hien huet e färdegbruecht nëmmen de Poto ze treffen. Just 1' drop hat dunn Éilereng déi 1.Riesechance, no engem Gewulls am Tricolore Strofraum huet e Spiller ofgezunn, de Ball ass paréiert ginn, an de Rebound huet de Michele Corallo vun der Linn eweggekraatzt. Obwohl Éilereng weider dominéiert huet, hat Tricolore nach weider 2 Riesechanchen duerch den Denis Rizvani, eng Kéier ass säi Schoss vum Éilerenger Keeper glänzend paréiert ginn, an eng aner Kéier huet de gläiche Spiller um 2.Poto nees de Poto getraff. An der Schlussphase war dunn Tricolore platt an Éilereng huet sech an der Tricolore Halschent festgesat. Logesch Konseequenz den 1:1 an der 74', no enger Flank vu riets, huet d'Tricolore Ofwier de Ball ënnerlaf, an en Éilerenger Spiller huet um 2.Poto de Ball mam Kapp eragesat. Bei der Aktioun huet sech de Steve Volz am Tricolore Goal blesséiert an huet missen duerch den Sven Haag ersat ginn. Éilereng war an der Schlussphase weider dominant an d'Tricolore ass deelweis geschwomm. Hektik ass och opkomm, an den Arbitter huet Tricolore per Minuttentakt Kaarte verdeelt. Opwohl nach puer geféierlech Situatiounen virum Tricolore Goal entstane sinn, ass et beim 1:1 bliwwen.

Virum Mätch wär een mat engem Gläichspill zefridde gewiescht opgrond vun deene ville Spillerausfell, mee am Mätch selwer hat Tricolore puer mol d'Chance de Saack zouzemaachen wat der Equip leider net gelongen ass, esou dass een mat engem laachenden An a kréischenden An d'Spillfeld verlooss huet.