Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,09.03.2008 15.00h : Moutfort - Tricolore 0:0
Wieder : bedeckt
Terrain : knubbëleg
Zuschauer : 40
 
 
 
Magerkost kruten d'Läit zu Moutfort gebueden.
 
Vun Ufank un huet Tricolore d'Spill gemaach a Moutfort stoung déif hannendrann. Goalchancen waren awer rar geséit. Déi eenzeg
hat de Carlo Antonicelli no enger Flank vum Antonio Curioso, mee säi Schoss ass um 1.Poto driwwer gaang. Ausser nach e puer
harmlos Schëss war et dat awer schon.
 
Am 2.Duerchgang huet Moutfort deelweis d'Spill gemaach, ouni awer geféierlech ze ginn.Eréischt an de leschten 10 Minutten war
Tricolore ërem méi aktiv, an de Pietro Lombardini hat eng gutt Goalchance, wéi hien op der lénkser Säit an de Strofraum agedrongen
ass, mee säi Schoss konnte de Moutforter Goalie paréiren. 
 
Vill Kampf, net vill kreatives, Tricolore hat 2 Goalchancen, a Moutfort keng, schwaache Mätch.