Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Etoile Sportive Clemency - FC Tricolore Gasperich 2:1 (1:0)

1:0 6'

1:0 78' Lombardini, 2:1 88'

 

Wieder : liicht bedeckt

Terrain : gutt

Zuschauer : 150

 

 

 

 

Onglécklech an ongerecht ass Tricolore quasi aus dem Opstiegsrennen eliminéiert ginn.

Am Ufank war Këntzeg méi preesent an ass och verdéngt an der 6' a Féierung gaang, wéi e Spiller en direkte Fräistouss aus 20m schéin an de Wénkel gesat huet. Kuerz drop ass den Tricolore Keeper Emanuele Chioato ausgerutscht an e Këntzeger krut de Ball virun d'Féiss geluescht, mee zum Gléck war hien ze vill iwwerascht a säi Schoss ass langscht gaang. Dueno huet Tricolore d'Spill kloer dominéiert. E klore Goal vum Mike Ribeiro ass ofgepaff ginn, duerch de Kierperasaatz vum Orlando Da Rocha ???, an de Mike Ribeiro ass och nach am Këntzeger Strofraum vun de Been gehol ginn, awer den Arbiter huet d'Foul ausserhalb vum Strofraum gesinn ???. Tricolore huet weider no vir gespillt an hat nach gutt Goalchancen, mee de genauen Ofschloss huet gefeelt.

An der 2.Halschent huet Këntzeg sech weider zréckgezunn an op Konter gelauert. D'Spill war méi roueg ginn, an d'Goalchancen si rar ginn. No engem Pass vum Marco Lupinello ass den Pietro Lombardini an der 78' fräi duerchgaang an hien huet de verdéngte 1:1 markéiert. Këntzeg huet op Konter gespillt, d'Tricolore Ofwier hat d'Lokalequip awer relativ am Grëff. Tricolore huet weider no vir gespillt. No engem Konter an der 88' ass e Këntzeger Spiller vun engem Tricolore Spiller ofgedrengt ginn, ouni Kontakt ass de Ball an den Aus gaang, de Këntzeger Spiller ass gefall an de Referee huet op de Punkt gewissen. ???. Këntzeg huet de Penalty locker verwandelt. Tricolore huet net opginn, an trotz Chancen war d'Nidderlag net méi ze vermeiden.

Obwohl Tricolore kämpferech a spillerech gutt drop war, ass d'Equip leider net belount ginn, an an spillentscheedent Situatiounen kloer benodeelegt ginn.