Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 30.09.2012 16.00h : Etoile Sportive Clemency - FC Tricolore Gasperich 0:0

 

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK, mee déif

Zuschauer : 50

 

 

 

 

Zu Këntzeg huet Tricolore 0:0 gespillt. De Mätch ass awer vum Arbitter an der 89' ofgebrach ginn.

Tricolore hat Schwieregkeeten fir an de Mätch eranzekommen, déi jonk Këntzeger Equip huet gutt dowidder gehalen. Tricolore huet de Mätch bestëmmt, an hat duerch den Nuno de Almeida eng Goalchance, Këntzeg war op Konter geféierlech an hat och eng oder déi aner Goalchanche.

An der 2.Halschent hat Tricolore de Mätch dunn awer kloer am Grëff, an no 50' hat d'Equip eng Duebelriesechance fir a Féierung ze goen, zunächst ass de Flavio Morabito fräigespillt ginn, säi Schoss konnt de Këntzeger Keeper paréiren, de Carlo Antonicelli koum fräi un de Ball, mee hien huet säi Schoss driwwer gesat. Dueno ass den Orlando Da Rocha fräi virum Keeper opgetaucht, mee de Këntzeger Keeper konnt nees paréiren. Den Nuno De Almeida hat och nach eng gutt Aschossméiglechkeet. Këntzeg hat just nach 1 Chance an der 2.Halschent, mee den Simon Leick am Tricolore Goal war um Posten. An der 85' krut dunn de Jacques Foetz eng rout Kaart gewissen, well hien e Këntzeger Spiller vernannt huet, nodeems de Jacques Foetz vun dem Spiller gerannt ginn ass. Dueno sinn beim Tricolore Goal Tumulter entstan, an den Arbitter huet d'Kontroll vum Mätch verluer. Nodeems an der 89' e Këntzeger Spiller no engem Foul ze vill protestéiert huet, hat den Arbitter es genug, an huet de Mätch fréizäiteg ofgepaff. Dueno sinn um Terrain weider Tumulter zwëschen deenen 2 Equipen entstan.

De Mätch huet nach en Nospill, well et gëtt e seeparate Bericht un d'FLF geschéckt, an da muss en ofwarden wat entscheed gëtt.