Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg, 31.08.2008 16.00h : Sanem - Tricolore 0:1 (0:0)
 
Wieder : sonneg, gutt
Terrain : TipTop
Zuschauer : 80
 

0:1 47' Lombardini

Zu Suessem huet sech Tricolore verdéngt mat 1:0 duerchgesat.

An der 1.Halschent war net vill lass virun de béide Goaler, déi puer Chance hat awer Tricolore, déi bescht hat den Antonio Curioso kuerz virun der Paus,

wéi hien aus 15m fräi zum Schoss komm ass, mee de gudde Suessemer Goalie huet paréiert. Soss war de Mätch vill duerch kleng Reiwereien geprägt,

an de Schiri huet d´Gemüter misse berouegen.

 

Kuerz nom Pausentéi ass Tricolore dunn a Féierung gaang, wéi de quirlegen Filipe De Lemos vu lénks erageflankt huet, de Pietro Lombardini krut de Ball

um 5m um Plateau servéiert, an hien +- 5sek. gebraucht fir fräi virum Goal de Ball schlussendenlech eranzesetzen. Dueno ass Tricolore offensiv méi staark ginn

an hat Riesechancen fir de Score eropzeschrauwen. Unvermögen an e gudde Suessemer Keeper hunn dofir gesuergt dass et soll beim 1 Goal bleiwen. No deene

Chancen hat awer och Suessem 2 gudd Chancen fir den Ausgläich, e Schoss ass um Poto geland. An der Schlussphase huet Suessem nach eng Kéier versicht

den 1:1 ze schéissen, war awer net geféierlech genug.

 

Mol eng Kéier e gudden Optakt an de Championnat.