Spillbericht Senior 2 Coupe 1/4 Final Mëttwoch, 16.04.2008 19.30h : Tricolore - Rosport 0:3 (0:2)
Wieder : kloren Himmel
Terrain : schmiereg
Zuschauer : 15
0:1 16', 0:2 25'
0:3 75'
 
Onglécklech ass Tricolore géint Rousport an der 1/4 vun der Coupe Senior 2 ausgescheed.
 
Am Ufank huet Tricolore sech zréckgezunn an huet Rousport d'Spill maache gelos. D'Visiteuren haten awer Problemer domat a sou
ass de Mätch dohigepletchert. An der 16' huet et dunn awer gebimmelt, am Mëttelfeld huet Rousport ugegraf, e Rousporter Spiller ass no
engem Pressball fräi op de Goal gezunn an hat keng Problemer zum 0:1 eranzeschieben. Den 0:2 ass duerch en onglécklechen Ballverloscht
vum Tricolore Goalie entstan, an e Rousporter Spiller konnt fräi eraschieben. Nom 0:2 war dunn och Tricolore méi aktiv an huet Rousport
ënner Drock gesat. Eng Riesechance hat d'Lokalequip kuerz virun der Paus, wéi de Joscelino Silva fräi virum Rousporter Goal opgetaucht
ass, mee hien huet säi Schoss verzunn.
 
Am 2.Duerchgang huet Tricolore weider ugegraf an huet Rousport ënner Drock gesat. An der 54' war et dunn den Antonio Virgulino dee fräi 
duerch war, mee hien ass um excellenten Rousporter Keeper gescheitert. Tricolore war weider spillbëstemment, konnt awer déi Rousporter
Ofwier net aus den Angele rappen. D'Rechnung ass et dunn an der 75' ginn, wéi e Rousporter drëschen an den Eck gesat huet. Duerno war
d'Moral vun Tricolore gebrach an Rousport huet ërem méi d'Kommando iwerhol, de Patrick Goergen huet nach 2 gutt Parade misse maachen.
 
Spilleresch konnt e kaum en Ënnerscheed zwëschen deenen 2 Equipen erkennen, Rousport war einfach méi realistesch.