Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,14.10.2007 15.00h : Tricolore - Mensdorf 2:1 (1:0)
Wieder : sonnëg, +-18°
Terrain : et geet
Zuschauer : 80
1:0 3' Antonicelli
1:1 68' 2:1 86' Tria 
 
Géint eng spillerësch staark Equip vun Mensder konnt Tricolore 3 Punkten afueren.
 
D'Lokalequip huet lassgeluescht wéi d'Feierwier a schon an der 3' huet et geschellt, de Carlo Antonicelli huet de Ball aus 20m
an de lénksen Eck gesat. An der 5' huet de Steve Schanet aus der Distanz de Mensdorfer Keeper getest, an no enger Serie
vu Korneren huet den Arnaud Andoque an der 8' e geféirlëschen Schoss lassgeloos. No 20' huet Mensder dunn awer d'Kommando
iwerholl an an der 22' ass e Spiller fräi virum Tricolore Goal lancéiert ginn, mee säi Schoss ass knapp laangscht de Goal gaang.
Mensder huet de Mätch weider kontrolléiert, awer an der 32' hat de Roberto Rampino den 2:0 um Fouss, mee de Wénkel war ze spatz an hien
konnt de Ball net versenken. An der 36' war e Mensdorfer Spiller ërem fräi duerch awer de Steve Krier am Tricolore Goal konnt paréiren.
 
No der Paus huet Tricolore sech ërem e bëssen erholl. An der 55' war et de Charles Etonde deen sech duerchgesat huet, hien huet
eng Pass an d'Mëtt gemaach, Tricolore schéisst an e Mensdorfer Spiller klärt op der Goallinn. Mensdorf war awer weider déi méi aktiv Equip
an an der 63' huet e Mensdorfer Spiller de Ball op de Poto gesat. Den 1:1 ass dunn an der 68' gefall, wéi de Claude Leogrande vu riets
de Ball voll an den hënëschden Eck gesat huet. Mensdorf ass um Drücker bliwen an hat geféierlëch Aktiounen ze verzeechnen, 2-3 Mol
gouf e Penalty gefrot. Tricolore konnt nëmmen reeagéiren. Nodeems sech Tricolore ërem an der Schlussphase gefaang huet konnt de
Joker Mino Tria den entscheedenen 2:1 markéiren : No enger Pass vum Arnaud Andoque huet hinn de Mensdorfer Keeper cool geloppt.
Dueno war de Charles Etonde nach ganz fräi virum Goal opgetaucht, mee e konnt de Goalie net iwerwannen. E geféierlëchen Kappball
vun engem Mensdorfer Spiller war och nach ze verzeechnen. No 95' ass dunn vum Schiri d'Erléisung fir Tricolore komm.
 
Mensdorf spillerësch staark, Tricolore och net schlecht, Goalchanchen op béide Säiten, an mol eng Kéier d'Gléck op der Tricolore Säit