Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,01.04.2007 15.30h : Tricolore - Biwer 0:3 (0:2)
Wieder : liicht bedeckt, +- 17°
Terrain : knubbëleg
Zuschauer : 80
0:1 39', 0:2 44'
0:3 53' 
 
Keen Abrëllsgek : Tricolore huet kloer a verdéngt géint Biwer verluer.  
 
Déi éischt gutt Chance hat Tricolore, no enger Flank, huet de Pascal Langers um 2.Poto op de Goal gekeppt, mee
de Ball ass vun der Linn eweg gekratzt ginn. Tricolore huet versicht d'Spill ze man, mee Biwer war gutt gestaffelt
an huet kaum eppes zougelooss. Biwer huet probéiert duerch schnell Attacken no vir ze kommen, mee am Ufank
näischt geféierlësches. D'Leid kruten deelweis Magerkost gebueden a si villäicht an der 39' opgewescht, wéi e
Biwer Spiller an d'Lach geschéckt ginn ass, a fräi am Tricolore Strofraum zum 0:1 konnt erasetzen. Nëmmen 5' méi spéit
huet et ërem geklingelt am Tricolore Goal, de Claude Beck ass onglécklëch gefall (Schëller ausgekugelt), e Biwer Spiller
huet vun engem spëtze Wénkel ofgezunn an hiem huet an de kuerzen Eck zum 0:2 verwandelt. 
 
An der 2.Halschent war et Biwer déi du séier den 3.Goal geschoss hunn. De Steve Krier huet de Ball no engem
Schoss schlecht krut, an e Biwer Spiller krut e virun de Fouss an huet locker eragesat. Dueno war Tricolore beméit nach
eppes ze rappen, mee war vill ze vill harmlos. Sou war et Biwer déi duerch Konterchancen nach hette de Score kéinten
erhéigen.  
 
Tricolore am Ugrëff ze harmlos a konnt Biwer selten a Gefor bréngen.