Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Sporting-Club Bettembourg  - FC Tricolore Gasperich 5:0 (0:0)

1:0 52', 2:0 66', 3:0 73', 4:0 87', 5:0 89'

 

Wieder : kloren Himmel, +-5°

Terrain : TipTop

Zuschauer : 50

 

 

 

Arbitter : Reisch-Muminovic-Delgado

 

 

 

 

30 Minutte gutt, dueno vogelwild, dat ass de Fazit vum Championnatsmätch zu Beetebuerg.

Déi éischt 10 Minutten hat Beetebuerg de Mätch am Grëff an huet Tricolore kontrolléiert. Dueno huet Tricolore awer de Mätch dominéiert, mee hunn hier super Goalchancen net verwert. Trotzt gudd Kombinatiounen huet et net geklappt mat engem Goal. Ab enger Halferstonn war et dunn Beetebuerg déi offensiv Akzenter gesat huet, an d'Lokalequip hat och Riesechanchen fir a Féierung ze goen, mee duerch Gléck a Gescheck huet dat Tricolore verhënnert.

No der Paus huet Beetebuerg weider no vir gespillt an Tricolore ass wéi e Kaartenhaus zesummegefall. Krasst Owierverhalen huet et Beetebuerg liicht gemaach fir Goaler ze schéissen. Op Tricolore Säit war offensiv net méi vill lass, war nach eng gudd Chance do fir den Ausgläich ze schéissen, mee soss war d'Leeschtung indiskutabel.

Einfach d'Spill no enger gudder Phase agestallt an esou verdéngt 5 Goaler kasséiert.