Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Union Mertert/Wasserbillig - FC Tricolore Gasperich 4:2 (2:1)

0:1 6' Da Rocha, 1:1 42', 2:1 45'

3:1 51', 3:2 58' De Lemos, 4:2 61'

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : super

Zuschauer : 150

 

 

 

 

Zu Waasserbëlleg huet Tricolore verdéngt eng Nidderlag kasséiert.

Ouni 5 Spiller, déi géint Beetebuerg dobäi waren (3 Sperren, 2 privat Saachen) war Tricolore scho virum Mätch geschwächt. Tricolore huet awer am Ufank de Mätch kontrolléiert, an an der 6' ass d'Equip a Féierung gaang, wéi den Orlando Da Rocha geschéckt ginn ass, de Bëlleger Keeper huet laangschtgerannt, an den Orlando huet just de Ball iwwert d'Linn gedréckt. D'Lokalequip war net ganz preesent. Tricolore huet d'Spill geeréiert, weider Chancen waren arer rar. An der 42' ass dunn den 1:1 gefall, no enger Standardsituatioun war d'Tricolore net am Bild an e lokale Spiller huet per Säitfallzéier eragesat. Kuerz virun der Paus huet et dunn ërem gebimmelt am Tricolore Goal, no engem verfeelten Ofstouss vum Tricolore Keeper huet Tricolore Ofwier geschlof, an e Wasserbëlleger Spiller ass op de Goal gezunn, hat e Clash mam Tricolore Keeper, de Ball ass awer bei engem annere Spiller geland, an hien huet locker zum 2:1 eragesat. 

No der Paus war d'Lokalequip iwwerleeën an Tricolore hat Schwieregkeeten déi séier Spiller vu Mertert/Wasserbëlleg an de Grëff ze kréien. Den Tricolore Goalie Steve "Bip" Wolff huet  missen pur Paraden maachen. De Filipe De Lemos huet vun der lénkser Säit nach den 3:2 besouergt, mee d'Lokalequip war einfach besser an huet nogeluescht. Zum Schluss war Tricolore einfach KO, a ka nach frou sinn dass d'Lokalequip net nach weider Goaler geschoss huet.

No engem gudden Ufank huet Tricolore ofgebaud, a sou huet Mertert/Wasserbëlleg verdéngt gewonn.