Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 23.03.2014 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Football Club Ehlerange 3:0 (1:0)

 

1:0 4' Florian Gonzalez

2:0 51' Pietro Lombardini, 3:0 81' Pasquale Antonicelli

 

Wieder : bedeckt, +-8°

Terrain : OK

Zuschauer : 40

 

 

 

 

No 6 Nidderlagen a Serie, huet Tricolore endlech nees en Erfolleg gefeiert. Géint den Tabelleleschten Éilereng huet Tricolore gutt ugefaang, an der 4' huet den Florian Gonzalez vu riets de Ball flaach an den Eck gesat. Dueno war Tricolore quasi net méi am Spill, Tricolore krut kee Spillopbau méi zoustan an Éilereng war dominant, huet no vir geféierlech Aktiounen gehat, mee et huet um Ofschloss gehapert. Trotz enger schlechter Halschent, hat de Pietro Lombardini fräi virum Goal d'Chance zum 2:0, mee hien ass um Éilerenger Keeper henke bliwwen. An der 2.Halschent ass Tricolore nees opgewescht, an huet d'Spill kontrolléiert. De Pietro Lombardini an de Pasquale Antonicelli hunn de Score op 3:0 erop geschrauwt. Tricolore hat Éilereng an der 2.Halschent am Grëff an huet kloer besser gespillt wéi an der 1.Halschent.