Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,09.09.2007 15.30h : Bous - Tricolore 2:1 (0:0)
Wieder : bedeckt
Terrain : OK
Zuschauer : 40
 
0:1 71' Schanet (Penalty), 1:1 84', 2:1 88'
 
Och den 2.Championnatsmätch huet Tricolore an de Sand gesat.
 
Wéi géint Remerschen war Tricolore am Ufank iwwerleen an huet de Mätch dominéiert, an der 10' war de Carlo
Antonicelli fräi virum Buser Goal opgetaucht , mee säi Schoss ass vum Keeper paréiert ginn. Tricolore ass weider
um Drécker bliwwen a koum zu gutt Aschossméiglechkeeten, mee de Ball konnt net am Goal ënnerbruecht ginn.
Op der Buser Säit waren och e puer Konter ze verzeechnen, an eng Kéier an der 1.Halschent huet och e Buser Spiller
fräi virum Goal verzunn. Tricolore huet d'Spill gemaach, mee hannen war d'Ofwier awer och net sattelfest.
 
No der Paus huet Tricolore d'Spill dominéiert, an de Carlo Antonicelli huet ërem eng gudd Chance vermasselt. 
Op der Tricolore Säit sinn d'Chancen awer manner ginn a Buus konnt dogéinthalen. An der 71' ass dunn en Tricolore
Spiller am Strofraum geluescht ginn, an de fellegen Penalty huet de Captain Steve Schanet sëcher versenkt. 
Nom 1:0 war dunn ërem op der Tricolore Säit Chaos ugesot. Virwat ?. Déi Buser Spiller sinn deelweis duerch d'Tricolore
Ofwier spazéiert an nodeems se 2 Mol kleeglëch versot hunn, soll et dunn nach kuerz viru Schluss 2 Mol am Tricolore Goal
rabbelen.   
 
Alt ërem : Vun Ufank un dominéiert, 1:0 a Féierung gaangen an nach verluer. Komësch dat ganzt.