Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 26.02.2012 14.30h : FC Tricolore Gasperich - FC Blo-Wäiss Itzig 2:4 (0:1)

0:1 3' Itzig

1:1 50' Denis Rizvani, 1:2 59' Itzig, 2:2 76' Adel Sinanovic (Penalty), 2:3 78' Itzig, 2:4 89' Itzig

 

Wieder : bedeckt, +- 10°

Terrain : Naja

Zuschauer : 70

 

 

 

Duerch krass Ofwierfeeler huet Tricolore géint Izeg verluer.

No 3' huet et schon am Tricolore Goal geschellt, en Izeger Spiller ass vu riets an den Tricolore Strofraum agedrongen, säi Schoss huet de Steve Volz paréiert, mee de Ball ass an der Loft henkebliwwen, an um 2.Poto konnt en Izeger Stiermer locker.!!! mam Kapp erasetzen. Tricolore huet Izeg Paroli bediden, mee no vir huet Duerschlagskraaft gefeelt. Tricolore huet op engem schwéiren spillbaren Terrain gekämpft, an huet versicht Izeg ënner Drock ze setzen. Chancen waren do, mee si sinn net genotzt ginn. Gléck fir Tricolore dass kuerz virun der Paus en Izeger Spiller am Abseits stoung, well en Ofwierspiller vun Tricolore de Ball am Strofraum mat der Hand ofgewiert huet. 

An der 50' dunn awer e gudde Spillzug vun der Lokalequip, de Ball ass schéin no vir gedroe ginn, de Denis Rizvani huet de Ball um 16m opgeholl, hien huet d'Izeger Ofwier naass gemaach, engem Spiller e Petit-Pont gemaach an aus 10m de Ball an den Eck gesat.!!! Schéine Goal. Mee leider ass an der 59' nees Izeg a Féierung gaang. No enger Flank huet en Tricolore Spiller am Strofraum komplett laangscht de Ball gerannt.!!!, an den Izeger Spiller huet sech gefreet fir locker zum 1:2 ze markéiren. Tricolore huet net opginn, d'Moral an de Kampfgeescht ware preesent, an an der 74' ass den Adel Sinanovic am Izeger Strofraum geluescht ginn. De Spiller huet dunn de Penalty secher zum 2:2 verwandelt. Tricolore wollt méi an huet weider no vir gespillt. Mee schon 2' drop, huet Izeg nees gescort, no engem harmlose Fräistouss ass de Ball duerch dem Keeper Steve Volz seng Henn gerutscht, an nees krut Izeg de Goal um Plateau servéiert.!!!. Tricolore wollt den Ausgläich, mee an der 89' war et Izeg déi no engem Kappball op 2:4 eropgeschrauwwt hunn. 

Kämpferesch war d'Leeschtung vun Tricolore OK, mee mat esou krass Ofwierfeeler ass näischt ze huelen.