Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Sporting Bertrange  - FC Tricolore Gasperich 3:1 (0:0)

 

1:0 52' (Penalty), 2:0 70', 3:0 90' (+2'), 3:1 90' (+3') Antonicelli

 

Wieder : staark bedeckt, kal, +- 3°

Terrain : grotteschlecht

Zuschauer : 60

 

 

 

 

Eng weider Nidderlag huet Tricolore am Championnat zu Bartréng kasséiert.

Op engem schwéier bespillbaren Terrain war et schwiereg e Spillfloss ze kréien. Well den Terrain sou déif war, war déi einfachst Meethod d'Bell wäit no fir ze schloen. Béid Equipen hunn awer versicht e Passspill opzebauen, d'Owierreihen op bäide Säiten haten awer am entscheedenen Moment d'Kontroll. Déi eenzeg 2 konkreet Goalchancen hat de Filipe de Lemos op Tricolore Säit, virun der Paus huet hien aus 10m granz fräi laangscht de lénkse Poto gesat. Soss war et vill Kampf a Krampf.

An der 52' ass dunn awer Bartréng a Féierung gaangen, e Spiller huet op lénks de Michele Corallo iwwerlaf, dee konnt de Bartrénger Spiller nach just duerch e Foul am Strofraum bremsen, a sou ass et Penalty ginn. De Penalty ass locker verwandelt ginn. Nom Réckstand ass Tricolore offensiv näischt méi agefall, an duerch Dommheeten hannen krutt Tricolore nach 2 weider Goaler ageschenkt. No enger Flank vu riets huet de Carlo Antonicelli no wéinstens den Éiregoal geschoss.

Insgesammt ërem eng enttäuschend Leeschtung géint en direkten Konkurrent géint den Ofstig.