Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 23.09.2012 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Syra Mensdorf 1:0 (1:0)

1:0 28' Carlo Antonicelli

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

 

Tricolore gewënnt mat 1:0 géint Mensdorf.

Tricolore hat de Mätch vun Ufank un am Grëff. Béid Equipen hunn sech awer neutraliséiert, an et si keng konkret Goalchancen entstan. Nëmme duerch Standardsituatiounen hate béid Equipen Gefor ausgestralt, mee déi awer verpufft waren. Déi éischt geféierlech Aktioun virum Goal hat Tricolore, duerch eng Standardsituatioun, mee dem Tun Curioso säi Fräistouss aus 20m ass knapp laangscht gaangen. An der 28' ass Tricolore a Féierung gaangen, no engem Feelpass vu Mensder am Mëttelfeld, huet Tricolore séier ëmgeschalt, den Orlando Da Rocha huet eng schéi Pass op den Carlo Antonicelli gespillt, an hien huet de Ball laangscht de Mensder Keeper aus 16m eragesat.

An der 2.Halschent huet Mensder versicht auszegläichen, mee de Mätch ass ëmmer méi schwaach ginn, Mensder ass näicht agefall, an Tricolore huet hannen zougemaach. An der 76' krut den Erdovan Sali dunn eng Rout Kaart, wéi hien no enger Provokatioun vum Mensder Kapitän, de Mensder Kapitän an de Réck gestouss huet. Mensder wollt ausgläichen, mee Tricolore stoung super hannen.

Obwohl de Mätch op engem techneschen schwaache Niveau war, huet Tricolore super gekämpft, an all Spiller hunn defensiv geschafft fir ze gewannen. Gutt Moral vun Tricolore. Tricolore huet keng konkret Goalchance zougelooss.