Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Red Star Merl-Belair 3:2 (2:1)

0:1 23', 1:1 24' Silva, 2:1 35' Da Rocha

3:1 56' Silva, 3:2 90' (+1')

 

Wieder : sonneg, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Tricolore war iwert déi ganz Spilldauer méi dominant, an huet esou verdéngt gewonnen.

Tricolore huet direkt d'Spill an de Grëff gehol, an no vir gespillt, dobäi si Riesechancen vermasselt ginn. Märel war duerch Standardsituatiounen geféierlech, an an der 23' ass dunn no engem Fräistouss den 0:1 gefall, wéi e Märeler Spiller am Strofraum konnt fräi ersetzen. Schon 1' drop huet Tricolore den 1:1 geschoss no enger gudder Kombinatioun huet de Pietro Lombardini de Ball vu riets an d'Mëtt gepasst an de Joscelino Silva huet just bréichten de Ball iwert d'Linn ze beförderen. Obwohl Tricolore weider um Drécker war, war et Märel déi hette kéinte a Féierung goen, e Mol huet de Joscelino Silva op der Goallinn gerett. An der 35' huet sech dunn den Orlando Da Rocha duerch d'Märeler Defense duerchgetankt an den 2:1 geschoss. Bis zur Paus war Tricolore weider um Drécker.

No der Paus huet Tricolore de Mätch kloer dominéiert, mee konnt aus der Iwwerleeenheet kee Kapital erausschloen. An der 56' ass dunn den 3:1 fir d'Lokalequip gefall, wéi no enger Flank de Joscelino Silva um 2.Poto mam Kapp eragesat huet. Tricolore huet weider no vir gespillt, huet awer trotz gudde Goalsituatiounen näischt méi gerass. An de leschte MInuten ass Tricolore dunn ageschlof, an de Red Star huet dovunner profitéiert an den 3:2 markéiert. Ganz zum Schluss hat de Red Star no enger Flank bal den Ausgläich ferdegbruecht, Tricolore hat einfach vergiess vum Konterspill ze profitéiren.

Vun der Spillanlag war Tricolore gudd drop, huet et awer vermësse gelooss fir kloer Verhältnisser ze suergen. D'Ofwier vun der Lokalequip war och heiansdo net ganz am Bild.