Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Etoile Sportive Clemency  - FC Tricolore Gasperich 2:1 (0:0)

 

2:1 62', 2:0 70', 2:1 80' Ciufoli

 

Wieder : kloren Himmel, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 90

 

 

 

 

 

Arbitter : Curfs - Oliveira Almeida - Kill

 

Trotz enger kämpferesch gudder Leeschtung ass Tricolore zu Kënzeg eidel ausgaang.

De Mätch war zunächst ausgeglach, Tricolore hat déi éischt Goalchance, mee de Kapitän Ferdy Ciufoli huet verzunn. Dueno war et Kënzeg, déi eng gutt Goalchance hat, den David Spinelli huet de Ball awer nach via Poto konnten ofwieren. Déi lescht Véirelstonn huet Kënzeg méi dominéiert.

No der Paus huet Kënzeg de Mätch weider dominéiert. Folgerichteg huet d'Lokalequip dunn och 2 Goaler geschoss, woubäi den 2.Goal sehenswert war, de Spiller huet de Ball an d'Kräiz gesat. Kënzeg hat och nach déi eng oder aner gutt Goalchance. De Kapitän Ferdy Ciufoli huet awer 10 Minutte viru Schluss duerch säi Goal fir Spannung gesuergt. Well duerno war Tricolore ërem méi aktiv an hett nach kéinten an der Schlussphase den Ausgläich erzielen.

Tricolore ass duerch déi Nidderlag op eng Ofstiegsplaz gerutscht. Leeschtung war OK, eng gudd Reaktioun op déi blamabel Virstellung géint Mamer eng Woch virdrun.