Mëttwoch, den 13.09.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich  - FC Red Boys Aspelt 4:1 (3:1) 

 

Endlech huet Tricolore säi Punktekonto am 3.Championnatsmätch eröffnet.

Tricolore huet de Mätch gutt ugefaang an ass schon an der 6' a Féierung gaang, no engem Fräistouss huet den Eric Schiavo mam Kapp eragesat. Den 2:0 ass dunn an der 14' duerch e Selbstgoal gefall no enger Flank an den Uespelter Strofraum. Tricolore huet gutt Passkombinatioune gewissen a war bësseg. Den 3:0 war e wonnerschéine Goal : Den Dan Baur huet aus 35m ofgezunn an de Ball ass am lénkse Wénkel geland. D'Réussite war e mol eng Kéier op der Tricolore Säit. Leider hunn sech an der Tricolore Ofwier och Konzentratiounsmengel ageschlach, a sou koum Uespelt och geféierlech op : Resultat, den 3:1 duerch e Schoss no engem Fräistouss. Nom 3:1 huet Tricolore weider eng Auszäit gehol a wäer bal nach virun der Paus bestroft ginn.

An der 2.Halschent war am Ufank net vill lass : Béid Equipen hunn sech neutraliséiert, woubäi Uespelt beméit war fir erunzekommen. Uespelt huet z.b. e Fräistouss op de Poto gesat. Tricolore huet versicht de Mätch ze verwalten an op Konter ze spillen. De Pech aus den 2 éichte Championnatsmätcher ass dunn der 69' an d'Gléck fir Tricolore verwandelt ginn : Duerch Ping-Pong krut de Mino Tria de Ball an de Laf, an hien ass alleng op de Goal gezunn an huet eiskal zum 4:1 eragesat. An der Schlussphase hat Tricolore nach gutt Kontersituatiounen, déi leider net genotzt goufen.

Gutt Astellung an Asaatz, mat nach engem gudde Spillfloss hu letztendlech zum 4:1 gefouert.

 

Tricolore - Aspelt Opstellung