Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 30.11.2011 19.40h : FC Sporting Bertrange - FC Tricolore Gasperich 4:0 (2:0)

1:0 15', 2:0 22'

3:0 90' (+1'), 4:0 90' (+3')

 

Wieder : Niwwel, +- 3°

Terrain : bespillbar, mee Terrain voller Niwwel

Zuschauer : 40

 

 

 

 

Bericht : Alain Gobbo :

De Match ass séier resuméiert: An der 1 Halschent war Bartréng dominéirend, an trotzdem hätt den Tricolore mat engem 0-0 an d'Paus könne goen, wären do nët 2 ganz krass individuell Fehler gewiescht, déi Schold un den 2 Géigegoaler sin! Nodeems dann eisen Trainer no +/- 30 min gewiesselt huet, ass de Match méi ausgeglach gin. Och huet de géignerëschen Keeper no 2 Wéitschëss vum Tricolore gewisen dass hien an engem gudden Daag ass!

An der 2 Halschent war nëmen nach 1 Equipe um Terrain, an dat war den Tricolore. Nieft Pech (Latteschoss), an Onverméigen (3 honnert Prozenteg Chancen), déi nët eran gemeet goufen, koum och nach en katastrophalen Arbitrag vum Här Skula denen Bartrénger zu Hëllef, sou dass sie an de leschten 3 Minuten den 3 a 4-0 geschoss hun.! Déi armste Sau um Terrain war haut alt erëm de Steve Volz, eisen Keeper dén sëch absolut kee Reproche mache muss, an awer.....4-0!

Elo ass ët gudd dass Wanterpaus "endlech" do ass, dassen eis Jongen hir Blessuren auskuréieren können, sëch erhuelen, fir dann am Februar/März eng gudd Préparatioun ze machen, an dann déi Saison mat gudden Resultater op en versöhnlëcht Enn ze bréngen!