Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Noertzange H.F. 1:2 (1:1)

0:1 22', 1:1 31' Rizvani

1:2 68'

 

Wieder : staark bedeckt, +- 10°

Terrain : drëschen an haart

Zuschauer : 50

 

 

 

Tricolore verléiert den 1.Championnatsmätch an der neier Saison mat 1:2 (1:1) géint Närzeng.

Tricolore huet am Ufank Problemer gehat fir d'Spill ze gestalten, Närzeng huet sech hannen dra gestallt an huet op Konter gespillt. Lues a lues ass Närzeng besser opkomm an an der 22' ass dunn den 0:1 gefall, no engem Ofwierschnitzer, wou de Ball optuppe gelooss ginn ass, ass e Spiller vun Närzeng fräi virum Goal gewiescht an hien huet den Tricolore Keeper Jerome Gerner gelopt. Dueno huet Tricolore d'Spill an d'Hand geholl an huet sech gutt Goalchanchen erausgespillt. An der 31' huet den Denis Rizvani den Ausgläich markéiert, wéi hien vu lénks vun der Stromraumgrenz de Ball an de Wénkel gesat huet. Tricolore war weider um Drücker, mee huet et verpasst nozeleeën.

No der Paus war de Mätch einfach grotteschlecht. Tricolore war zwar optesch iwwerleeën, mee onheemlech vill Feelpassen an falsch Bellkontroll hunn dozou geféiert, dass sech d'Lokalequip keng eng Goalchanche méi erausgespillt huet.!!!. Vun Närzeng war och net méi vill ze gesinn, mee bei engem vun hieren seltene Virstéiss huet e Närzenger Spiller volley aus 16m ofgezunn an de Ball huet sech iwwert den Tricolore Keeper zum 1:2 an de Goal gesenkt. Opwohl de spillerësche Mängel ass Tricolore e kloren Penalty an der Schlussphase verweigert ginn, wéi no engem laange Ball an de Närzenger Strofraum e Spiller vun Närzeng de Ball kloer mat der Hand ofgewiert huet.

Schwaache Mätch, Remis wär gerecht gewiescht, alt nees ass Tricolore och vum Arbitter benodeelegt ginn. Tricolore brauch onbedengt nees en Erfollgserlebnis. Mat der Leeschtung ass eng ganz schwéier Saison ze erwaarden.