Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 06.05.2012 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Rodange 91 1:5 (0:3)

0:1 25', 0:2 32', 0:3 45'

0:4 74', 1:4 76' Lombardini, 1:5 79'

 

Wieder : staark bedeckt, +- 10°        

Terrain : et geet

Zuschauer : 70

 

 

 

Géint den Tabelleleader Rodange huet Tricolore eng ze héisch 1:5 Nidderlag kasséiert

Tricolore hat Rodange gutt a Kontroll an d'Equip huet disziplinéiert gespillt. No 15' hat Tricolore d'Riesechance fir a Féierung ze goen, de Pietro Lombardini ass fräi op de Goal gezunn, mee hien huet säi Schoss net genug plazéiert esou dass de Rodanger Keeper ofwiere konnt. Och eng weider gutt Offensivaktioun huet Tricolore net konnte verwerten. Bis zur 25' hat Tricolore Rodange a Schach gehalen. Dunn ass awer den 0:1 gefall no engem Fräistouss aus 20m, wou Tricolore Ofwier beim Schoss vu Rodange e krasse Feeler gemaach huet. A schon an der 32' ass den 0:2 gefall, wéi d'Tricolore Ofwier nees e krassen Ofwierfeeler gemaach huet. Kuerz virun der Paus ass e Rodanger Stiermer allleng gelooss ginn, an hien huet op 0:3 erhéischt. 

Trotz deem kloren Réckstand huet Tricolore an der 2.Halschent versicht erunzekommen, zunächst konnt sech d'Lokalequip keng konkret Goalchance erausspillen. Rodange huet op Konter gelauert, an d'Tricolore Ofwier huet misse oppassen. Wéi de Mätch dunn an der Endphase war, sinn nach 3 Goaler gefall. Tricolore huet an der 2.Halschent Moral gewissen an sech net henke gelooss.

Géint eng technesch gutt Equip vu Rodange konnt Tricolore spilleresch mathalen, mee nees hunn krass Ofwierfeeler Tricolore op d'Verléiererstrooss bruecht. De Mätch muss ee séier ofhaken, well e Mëttwoch kënnt eng sougenannten Netofstiegsfinal op Tricolore duer, wann d'Equip zu Beetebuerg optrëtt. Mat der Moral huet Tricolore eng Chance zu Beetebuerg ze wannen, déi krass Ofwierfeeler mussen awer onbedéngt ofgestellt ginn.