Spillbericht Senior 2 Championnat Freideg, 25.04.2008 19.30h : Remich - Tricolore 3:2 (0:1)
Wieder : liicht bedeckt
Terrain : OK
Zuschauer : 15
0:1 18' Azevedo
1:1 63', 1:2 64' Virgulino, 2:2 80' (Selbstgoal), 3:2 83'
 
Verdéngt huet Réimech géint Tricolore gewonn. Réimech war méi aggressiv a bësseg. An den éischten 20' huet Tricolore permanent am Mëttelfeld
Bell verluer a sou stoung d'Tricolore Ofwier ënner Drock. Den 0:1 war dunn och e Glécksgoal, dem Hugo Azevedo seng Flank huet sech an de Réimecher
Goal gesenkt. An der Mëtt vun der 1.Halschent huet Tricolore sech dunn awer gefaang, geféierlech Goalsituatiounen sinn awer kaum entstan, d'Stiermer 
waren total ofgemellt. No der Paus sollt sech näischt verbesseren, Réimech huet weider méi Dueller gewonn an d'Lokalequip ass dunn och duerch 3 Goaler
belount ginn. Dat deelweis divaméisseg Optrieden vun Tricolore ass esou bestroft ginn. An der 90' war dunn nach e bëssen Opreegung,
wéi no engem Gewuels e Réimecher Spiller am Strofraum op der Goallinn de Ball am leeen zwësche senge Been geklemmt huet, den Arbitter huet awer
näischt gemaach.