Spillbericht Coupe de Luxembourg Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC Flaxweiler/Beyren Udinesina 5:4 n pen. (0:0 n.V.)

 

Wieder : kal, +- 5°

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

 

 

 

An der Coupe huet sech Tricolore mat 5:4 no Penaltyschéissen géint Fluessweiler/Beyren duerchgesat. No 120 Minutten stoung et 0:0. 

Déi éischt 15' hu Fluessweiler/Beyren gehéiert a si hunn Tricolore zréckgedrenkt. Dueno krut Tricolore de Mätch besser an de Grëff, an an der 25' hett et missen Penalty fir Tricolore ginn, wéi den Adel Sinanovic kloer gefoult ginn ass. Tricolore war weider méi aktiv, mee am Ofschloss huet et gehapert. Fluessweiler/Beyren hat keng echt Goalchance.

Déi 2.Halschent huet Tricolore kloer dominéiert, mee d'Lokalequip huet de Ball net am Netz ënnerbruecht. Fluessweiler/Beyren hat an der 2.Halschent awer och nach 2 gutt Goalchancen.

An der Verlängerung ass net méi vill passéiert.

Am Penaltyschéissen huet den David Spinelli 2 Elefmeeter paréiert. No dem 2. paréierten Penalty (de 6 Schoss vu Fluessweiler/Beyren) sinn verschidde Spiller op den Goalie gerannt fir mat him ze feieren (ze fréi, well de Mätch war nach net eriwwer), Tricolore het missen nach ee Penalty verwandeln. Den Ernis Osmanovic huet deen da verwandelt an d'Freed am Tricolore Lager war grouss.

Tricolore ass verdéngt en Tour weider an der Coupe. Den nächsten Tour ass fir den 06.Dezember virgesinn, wou d'Equipen aus der Éirepromotioun dobäikommen.