Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : U.S. Sandweiler - FC Tricolore Gasperich 4:1 (0:1)

0:1 22' Lombardini

1:0 50', 2:1 59', 3:1 60', 4:1 90'

 

Wieder : ufanks naas + schmuddeleg, dueno waarm, Wand, onbestenneg, +- 15°

Terrain : synthettesch, Tip Top Zoustand

Zuschauer : 40

 

 

 

Tricolore verléiert mat 1:4 zu Sandweiler no enger 1:0 Pauseféierung.

Puer Momenter vum Spill :

3' Den Amer Dautbasic flit op d'Schnëss

22' De Pietro Lombardini schéisst den 1:0

46' De Filipe De Lemos ass um Buedem

50' Sandweiler schéiss den 1:1

51' Sandweiler schéisst bal nees e Goal, Gott sei Dank huet de Spiller donieft geschoss

55' Bal Goal fir Tricolore, mee Sandweiler konnt de Ball nach virun der Linn klären

59' 2:1 fir Sandweiler

60' 3:1 fir Sandweiler

70' De Steve Krier am Tricolore Goal verhënnert e Goal vu Sandweiler

75' Bal e Goal fir Tricolore, mee de Sandweiler Keeper war méi séier

77' De Steve Krier mecht nees eng Parade, de Sandweiler Spiller huet him voll op Broscht gedonnert

90' Sandweiler erhéigt op 4:1

 

An der 1.Halschent war Tricolore preesent, an an der 2.Halschent huet Tricolore geschlof.

Sandweiler huet seng Goalchancen besser genotzt, hat e gudde Stuerm. D'Tricolore Passspiel war net gutt.