Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 14.03.2014 20.00h : FC Schifflange '95 - FC Tricolore Gasperich 2:1 (1:0)

 

1:0 30' (Schifflange)

1:1 61' Pasquale Antonicelli, 2:1 88' (Schifflange)

Rout Kaart David Pettinato + Spiller Schifflange an der 90' (+3')

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 10°

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

 

 

Tricolore verléiert onverdéngt zu Schëffleng. An den éischten 25' hat Tricolore Schëffleng am Grëff a selwer déi méi geféierlech Aktiounen no vir. Nodeems de Luis Feliciano an der 28' de Ball no engem Gerangels ausserhalb vum Strofraum mat der Hand krut, huet Schëffleng per direkte Fräistouss den 1:0 geschoss. Dobäi huet de Luis Feliciano am Tricolore Goal eng Rëppeprellung krut. Dueno war Schëffleng besser an hat virun der Paus nach geféierlech Aktiounen no vir. No der Paus ass den Thomas Breyer als Spiller fir de verletzte Keeper Luis Feliciano an de Goal gaang. Tricolore huet Schëffleng an der 2.Halschent praktesch total aus dem Spill geholl an an der 61' huet de Pasquale Antonicelli per direkte Fräistouss den 1:1 geschoss. An der Schlussphase krut dunn Schëffleng en ongerechte Fräistouss um 16m lénks zougespraach, et hett sollte Korner ginn. Dee Fräistouss an dunn och vu Schëffleng direkt verwandelt ginn. D'Tricolore Lager war ausser sech wéinst dem ongerechte Fräistouss, an de schlechten Arbitter huet den Tino Marasco hannert d'Klotür geschéckt. An der Nospillzäit huet den Arbitter dunn och nach no engem Gerangels op béide Säiten Rout Kaarte verdeelt. 6.Nidderlag a Serie fir Tricolore, mee ongerecht.