Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 21.10.2012 16.00h : FC Alisontia Steinsel - FC Tricolore Gasperich 1:1 (1:0)

1:0 35'

1:1 67' Ceman

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : déif

Zuschauer : 70

 

 

 

 

Tricolore huet zu Steesel 2 Punkte leie gelooss.

Tricolore huet de Mätch direkt an de Grëff geholl an de Mätch bestëmmt. Déi bescht Chance an der 1.hallwer Stonn, hat den Ervin Ceman, wéi hien vu riets fräi virum Steeseler Keeper de Ball laangscht gesat huet. Tricolore huet och an der Drangphase heiansdo déi lescht Konsequenz virum Goal vermësse gelooss. No 30' ass Tricolore hannen awer ufelleg ginn, an an der 35' huet Tricolore de Ball op riets vertendelt, e Steeseler Spiller huet an de Strofraum geflankt, an um 2.Poto konnt e Steeseler Spiller fräi erakeppen. Dueno war Tricolore nees dominant.

An der 2.Halschent war d'Spill praktesch just nach a Richtung Steeseler Goal gelaf. Tricolore huet vill Goalchancen net genotzt. An der 67' huet den Rafael Andrade den Ervin Ceman an de Laf gespillt, an hien huet vu lénks de Ball an de laangen Eck zum 1:1 gesat. Tricolore war weider um Drécker, mee d'Equip krut de Ball net méi ënner.

Tricolore huet gutt gespillt, mee leider d'Chancen net verwert. No der Katastroph zu Bartréng, huet d'Equip nees Moral gewissen an ass nees um gudde Wee.