Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC The Belval Belvaux 2:3 (1:1)

0:1 26', 1:1 41' Lombardini

1:2 50', 1:3 72', 2:3 87' Cardoso

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Am Heemmätch géint Bieles huet Tricolore de Mätch verschlof a sou eng verdéngt Nidderlag kasséiert.

De Mätch war esou lues dass e bal konnt dobäi aschlofen. Feeler ob béide Säiten um laufenden Band, dobäi war Tricolore nach méi schléifreg a sou ass d'Lokalequip an der 26' och a Réckstand gerodden, wéi d'Ofwier vun Tricolore ërem geschlof huet an e Bieleser Spiller de Cado zum 0:1 akzeptéiert huet. Zumindest ass Tricolore e bëssen opgewescht, an an der 41' huet de Pietro Lombardini no engem Abstauber den 1:1 markéiert, nodeems den Orlando Da Rocha de Ball virdrun op d'Lat gedonnert huet.

Ween dueno geduescht huet dass d'Lokalequip d'Aan méi grouss opmescht, ass eppes besseres geléiert ginn, well Bieles war besser. An der 50' huet Bieles dunn ërem vun engem defensive Lapsus vun der Tricolore Hannermannschaft profitéiert fir den 1:2 ze markéiren. Tricolore war total vun der Roll, an e Spiller huet sech och nach de Luxus erlaabt fir am eegenen Strofraum ze dribbelen, Resultat : Bieles huet den 1:3 geschoss. Op der Tricolore Säit war Reesignatioun ze gesinn a Bieles het och nach kéinten erhéigen. Kuerz viru Schluss huet Tricolore nach eng Kéier verkierzt, mee et sollt net méi duergoen.

Total enttäuschent Leeschtung.