Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 03.03.2013 16.00h : FC Syra Mensdorf - FC Tricolore Gasperich 1:1 (0:0)

 

1:0 59' (Mensdorf), 1:1 77' Rui De Almeida

 

Wieder : sonneg, +- 5°

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

 

 

 

Op engem kämpferesch ausgelueschte Mätch huet Tricolore sech nach 1 Punkt ergattert.

De Mätch war an der 1.Halschent spillerech schwaach, béid Equipen konnten sech kaum geféierlech an Szene setzen, d'Equipen hunn sech neutraliséiert. Mensdorf hat e bësse méi vum Spill, ouni awer Gefor auszestrahlen. Tricolore huet zevill Feelpasse gemaach, an war offensiv och quasi inexistent.

No der Paus war d'Spill zunächst méi lieweg ginn, an Tricolore huet versicht méi no vir ze spillen. Den Elan war awer nees séier eriwwer an dueno huet Menster d'Spill méi kontrolléiert. An der 59' ass dunn d'Lokalequip a Féierung gaangen. No engem Korner ass e Gewulls am Tricolore Strofraum entstanen, en Tricolore Spiller huet op der Linn e Menster Spiller ugeschoss an vun do ass de Ball an dem Tricolore Goal geland. Dueno huet Tricolore probéiert, huet awer keng richteg Mëttel fonnt fir Menster richteg a Gefor ze bréngen. An der 77' huet e Menster Spiller sech awer eng Feelpass am Mëttelfeld erlaabt, an Tricolore huet dunn séier ëmgeschallt, de Ball ass op den Erdovan Sali komm, deen huet direkt op den Rui De Almeida gepasst, an hien huet dem Menster Keeper keng Chance gelooss an deems hien de Ball an de laangen Eck gesat huet. Dueno huet Menster nach eng Schlussoffensiv gemaach, an Tricolore hat nach missten eng oder déi aner geféierlech Situatioun klären.

Tricolore kann mat deem Punkt zefridde sinn, de Mätch war spillerech schwaach, ouni grouss Goalchancen.